Written by 9:00 am Interviews, My Job, My Energy

My Job, My Energy – Guy Reckinger

GUY RECKINGER
Responsabel fir Héichspannungsposten

Am Departement vun der Héichspannung bei Creos ass d’Equipe vun den Héispannungsposte fir de Bau an Ausbau vun dësen Anlagen am ganze Land zoustänneg, an zwar vun der éischter Skizz bis zum Aschalte vum Posten. Sou Bauprojete sin immens komplex a kënne bis zu fënnef Joer daueren.

Nierwend dem technesche Wëssen ass Teamgeescht gefrot. Fir de Bau vun engem Héichspannungsposten ze plangen, funktionéieren eis Mataarbechter ëmmer an der Equipe a mussen och enk matt externe Partner zesummeschaffen: déi néideg Baugenehmegunge mussen ugefrot ginn an Ëmweltfroen am Viraus gekläert ginn. De Projet gëtt dann, an Zesummenaarbecht mat engem Architekten- an Ingenieursbüro ëmgesaat.

Kee Projet gläicht deem aneren, dofir muss een zu jidder Zäit op d’Erfahrung vun der ganzer Equipe zréckgräife kënnen. Jidderee muss säin Deel leeschten an dréit domadder zu der Ëmsetzung vu deene verschiddene Projete bäi.

„Creos bitt mir ee séchert Aarbechtsëmfeld an enger Entreprise, déi modern a sozial ass.“

Last modified: November 20, 2020

Close