Written by 7:56 am Inside Creos, Réseaux & Infrastructures, Vidéos

Luxring – Episode 1: Mastfundamenter

Um Chantier vum Luxring sinn insgesamt 71 nei Héichspannungsmasten montéiert ginn.

Jee no Terrain an Buedemqualitéit, gëtt de Mast entweder op en Stufefundament oder op ee Buerfundament opgebaut. Bei béiden Methoden hunn déi 4 Féiss jeeweils een separate Sockel. Deemno sinn am Ganzen 284 Fundamenter aus Bëtong gegoss ginn.

D‘Buehrfundamenter ginn bis zu enger Déift vun 12 m virgebuert, mat engem Stolkäfeg verstäerkt an dann mat Bëtong opgefëllt.

Fir d’Stufenfundamenter ginn op der Platz Lächer ausgemooss an aus Bëtong gegoss.

Bei dësen Aarbechten, sinn net manner wéi 5.500 m3 Bëtong verschafft ginn.

Last modified: December 12, 2016

Close