Written by 1:08 pm Inside Creos, Réseaux & Infrastructures, Vidéos

Luxring – Episode 2: Mastbau

Nodeems déi eenzel Elementer vun engem Mast um Buedem virmontéiert gi sinn, ginn se an der Regel mat Hëllef vun engem Kran an der Héicht positionnéiert an zesummegeschrauwt.

Net ëmmer awer erlaabt den Terrain, dass een mat engem Kran bis bei de Mast kënnt. An deem Fall muss op eng aner Method zeréck gegraff ginn. Am Gréngewald, laanscht d’Autobunn A7, zum Beispill, sinn verschidden Masten mat Hëllef vun der sougenannter „Stockbaum-Technik“ gebaut ginn.

Déi eenzel Elementer goufen hei  iwwert eng speziell Fläschenzochkonstruktioun an der Mëtt vum Mast no an no erop gezunn.

Last modified: December 20, 2016

Close