Written by 1:54 pm Inside Creos, Réseaux & Infrastructures, Vidéos

Luxring – Episode 5: Test Neiduerf

Éiert déi ënnerierdesch Leitung tëscht dem Neiduerf an Hamm a Betrib konnt goen, huet missen en sougenannte „Site Acceptance Test“ duerchgefouert ginn. Sou een Test gët konform zu den internationalen Norme vum Kabelanlagebau duerchgefouert an muss fir all Leitung déi am Buedem läit gemaach ginn.

Heibäi gëtt iwwerpréift op déi eenzel Elementer – d‘Endverschlëss, de Kabel selwer an d’Muffen – richteg agebaut gi sinn an als zesummenhängende System funktionéieren.

Een speziellen Kabelmiesswon kënnt dofir op d’Platz a gëtt un engem vun deenen zwee Endmasten vun der Kabelanlaag ugeschloss, fir dann déi 6 Kabelen vun der Leitung, all eenzel, während 30 Minutte ënnert enger Spannung vun 180 Kilovolt ze testen.

Last modified: January 23, 2017

Close